top of page

Sat, 20 Jan

|

The Flying Dutchman

COMEDY SHOW 2024

Tickets are sold at the door
See other events
COMEDY SHOW 2024
COMEDY SHOW 2024

Time & Location

20 Jan 2024, 19:00 – 21 Jan 2024, 03:00

The Flying Dutchman, Beaufort, Luxembourg

About The Event

LINE-UP:

Shayan Mehr, Nodeems de Shayan viru 6 Joer am Theater zu Rëmeleng ugefaangen hat e Gefill fir Bün a Leit ze kréien, huet hie sech viru knapps 3 Joer un de Standup erugetraut, wou hie seng éischt Erfarungen op Englesch a Franséisch gesammelt huet, bis hien et fir méi wéi néideg empfonnt huet, déi alleréischte Standup Comedy Show op Lëtzebuergesch am Januar 2020 ze lancéieren. Dëst mat der voller Ënnerstëtzung vun der Péitenger Geméng. Standup Comedy ass laut dem Shayan wéi e Box- respektiv Eenzelkampf. Du stees eleng am Ring a muss däi Bescht ginn fir keng op d’Nues ze kréien. Hei ans do gewënns de, an hei ans do verléiers de. Egal! Opstoen a weiderkämpfen.

Instagram: shayan_lux

TikTok: de.shayan

Youtube: Shayan Mehr

Scott Reuter: De Scott ass e Newcomer an der Englescher Zeen hei zu Lëtzebuerg an duecht och, dass et un der Zäit wier dat Ganzt och mol op Lëtzebuergesch ze maachen. Laut dem Scott kann hie sech mat senge 25 Joer, sengem Kierpergewiicht vu 65kg a senger Gréisst vun 1m69 schonn an der Sauna gesi loossen. Seng Liblings-Faarf ass déi, déi dobäi eraus kënnt, wann een eng Gromper ze laang an der Mikrowell léisst. Mat Comedy huet hien am Januar ugefaange well hie keng Loscht méi hat TikTok-famous ze sinn. Elo erzielt hie peinlech Geschichten op der Bün an hofft d'Leit mengen dat wier alles net eescht gemengt.

Instagram: scott.reuter

TikTok: scooooooott

Grek Melmer: A wie mecht dann d’Moderatioun vun der Show? ECH! Sot de Grek. No bal 16 Joer Improvisatiounstheater sot sech de Grek, et wier un der Zäit seng Gedanken ze sortéieren a virzedroen. Am wëlle Weste vu Lëtzebuerg, spréch zu Ollem, wou hie grouss ginn ass, huet hie geléiert dass et méi einfach ass d'Liewen net ze vill eescht ze huelen, wéi sech driwwer opzereegen. Dofir klëmmt hien ëmmer erëm gären op d'Bün fir mat de Léit ze laachen.

Instagram: grekmalma

Sundeep Bhardwaj: De Sundeep war ze liddereg a Lëtzebuergesch Coursen ze goen, dofir mecht hie lo nieft Englesch, och Comedy op Lëtzebuergesch fir seng Sproochkenntnisser ze erweiteren. Och wann hien d’Sprooch net zu 100% beherrscht, hie schwätzt genuch fir iech vum Hocker ze rappen. Opgewuess an Indien, Tëschestopp a Polen, an Endstatioun zu Lëtzebuerg, wou hien ugefaangen huet fir eng Bank ze schaffen, well hien duecht, dass dat deen eenzege Beruff ass, den een zu Lëtzebuerg kann ausüben.

Facebook: The Sundeep

Instagram: thesundeep

TikTok: thesunnydeep

Nikita Kuznetsov:  De Nikita ass e Lëtzebuergesch-Russesche Comedian (Jo, och dat gëtt et nach ëmmer). Gebuer a Russland, opgewuess zu Lëtzebuerg, mat de Gedanken iergendzwousch tëscht Hawaii a Sibirien. Obwuel de Nikita zu Lëtzebuerg opgewuess ass, ass déi russessch Mentalitéit bei him ëmmer nach omnipresent, dat heescht: Wie bei senge Witzer net laacht, gëtt ouni faire Prozess agespaart.

Instagram: nikita_lux_comedy

Christiane Olivier

PU – lange Rede, gar kein Sinn Ihr kennt Pu noch nicht? Gut! Ihr werdet ihn lieben, versprochen. Solch ein hoher Grad von Überzeugung ist noch gering im Vergleich zum Selbstbewusstsein dieses in sozialen Netzwerken längst bekannten und gefeierten Mannes. Er hat eben eine große Klappe mit viel dahinter.   Wenn PU beginnt zu erzählen spürt jeder im Raum die Magie und sein Charisma, seine Authentizität und Gabe, den Zuhörer nicht nur zum Lachen, sondern auch zum Nachdenken zu bringen. Vom Klassenclown zum Unterhalter mit Klasse. Oder wie er selbst sagt: Modiker – ein Plus-SizeModel/Komiker :)   Pu sinniert über die verschiedenen Sichtweisen und Facetten des Lebens – ob jung oder alt, Zwitter oder Rollstuhlfahrer, Döner oder Knäckebrot. Keine Sorge, selbst wenn man online alles gesehen hat, Pu erzählt seine Geschichten nie zwei Mal auf dieselbe Art und Weise, sonst wäre er „Roboter geworden und kein Künstler“

Aftershow: DJ RAY

Doors: 19:00h | Show: 20:00h Presale: 10€ | Box Office: 12€

Tickets

  • COMEDY SHOW 2024

    €10.00
    Sale ended

Total

€0.00

Share This Event

bottom of page