Lëtzebuerger Comedy Slam
Sat, 14 May
|The Flying Dutchman
with Dj Haasi


Time & Location
14 May 2022, 20:00 – 15 May 2022, 03:00
The Flying Dutchman, Beaufort, Luxembourg
About The Event
Nom groussen Erfolleg am Januar am Flying, kënnt Luxembourg Comedy mam Lëtzebuerger Comedy Slam zeréck. Dës Kéier spille 5 Lëtzebuerger Komiker an ee Gaascht-Headliner aus Däitschland, deen ëmmer méi op däitsche Fernsee-Bünen wéi Nightwash, der MDR Humorzone asw ze gesinn ass. De faméisen AMIR SHAHBAZZ.
Ons lëtzebuerger Komiker:
SHAYAN MEHRAFZA
Geleet gëtt dësen Owend vum Shayan Mehrafza, Schauspiller, Moderator & Komiker an der NACH jonker Lëtzebuerger Standup Comedy Zeen, déi lues awer sécher ëmmer méi wiisst. Nodeems de Shayan viru 6 Joer am Theater zu Rëmeleng ugefaangen hat e Gefill fir Bün a Leit ze kréien, huet hie sech viru knapps 3 Joer un de Standup erugetraut, wou hie seng éischt Erfarungen op Englesch a Franséisch gesammelt huet, bis hien et fir méi wéi néideg empfonnt huet, déi alleréischte Standup Comedy Show op Lëtzebuergesch am Januar 2020 ze lancéieren. Dëst mat der voller Ënnerstëtzung vun der Péitenger Geméng. Standup Comedy ass laut dem Shayan wéi e Box- respektiv Eenzelkampf. Du stees eleng am Ring a muss däi Bescht ginn fir keng op d’Nues ze kréien.
KEN PARK
De Ken ass scho säit Joren an der Englescher, Franséischer, souwéi an der Lëtzebuergescher Standup Zeen ënnerwee. Opgewuess tëscht der Belscher, Lëtzebuergescher a Jiddesch-Marocanescher Kultur, huet hien säi Wee op d’Bün fonnt. De Ken ass motivéiert, steet Woch fir Woch op oppene Comedy Bünen, fir neit Material ze testen, ze iwwerschaffen a sech mam Publikum auserneen ze setzen. Dem Ken seng Witzer erstrecke sech queesch duerch de Gaart, mat enger Prise Alldag a perséinlechen Erfarungen.
SCOTT REUTER
De Scott ass e Newcomer an der Englescher Zeen hei zu Lëtzebuerg an duecht sech, dass et un der Zäit wier dat Ganzt och mol op Lëtzebuergesch ze maachen. Laut dem Scott kann hie sech mat senge 25 Joer, sengem Kierpergewiicht vu 65kg a senger Gréisst vun 1m69 schonn an der Sauna gesi loossen. Seng Liblings-Faarf ass déi, déi dobäi eraus kënnt, wann een eng Gromper ze laang an der Mikrowell léisst. Mat Comedy huet hien am Januar ugefaange well hie keng Loscht méi hat TikTok-famous ze sinn. Elo erzielt hie peinlech Geschichten op der Bün an hofft d'Leit mengen dat wier alles net eescht gemengt.
JERRY KANE
Nodeems de Jerry seng Kreativitéit an der Fotografie an an der Musik ausgelieft hat, huet hie sech d‘läscht Joer fir t‘éischt un seng aner grouss Passioun erugewot, an zwar dem Standup Comedy. Nodeems hien am Januar fir t’éischt am Flying Dutchman op der Bün duerft stoen, geet et am Mee an déi zweet Ronn. Seng Theme sinn direkt aus dem Liewe gegraff, mat enger Portioun Sarkasmus an däischterem Humor.
GREK MELMER
No bal 15 Joer Improvisatiountheater sot sech de Grek, et wier un der Zäit seng Gedanken ze sortéieren a virzedroen. Am wëlle Weste vu Lëtzebuerg, sprech zu Ollem, wou hie grouss ginn ass, huet hie geléiert dass et méi einfach ass d'Liewen net ze vill eescht ze huelen, wéi sech driwwer opzereegen. Dofir klammen ech ëmmer erëm gären op d'Bün fir mat de Léit ze laachen.
Headliner – AMIR SHAHBAZZ
Den Headliner vum Owend ass den Amir Shahbazz, eise Special-Guest aus Däitschland. Hie stoung scho puer mol op der bekannter Comedy-Bün Nightwash, war beim Olaf Schubert an der MDR Humorzone Dresden, dem gréisste Humorfestival an Ost-Däitschland zu Gaascht, an ass ënner anerem de Gewënner vum Stuttgarter Comedy Clash Januar 2020.
Den Amir ass e Comedian vun der neier Generatioun. Als Standup Comedian mat muslimeschem Hannergrond, steet hie quasi ëmmer tëscht de Still.
Opgewuess tëscht verschiddene Sproochen, Kulturen a Reliounen war et fir hien oft chaotesch, awer och meeschtens komesch an duerchaus ënnerhalsam. Den Amir huet de schlaue Bléck fir Ofwäichungen vun de verschiddene Kulturen. Ob Virurteeler, Ernärungsdebatt, medial Berichterstattung oder Kannererzéiung. Den Amir analyséiert a fënnt den Alldagswitz a bal alle Situatiounen a bréngt dëse clever an dréchen eriwwer.
--------------------------
20:00 Auer: Dieren gin op
21:00 Auer: Lëtzebuerger Comedy Slam
23:00- 3:00: Dj Haasi
Online Ticket 9 Eur
Entry Ticket 12 Eur
Tickets
Lëtzebuerger Comedy Slam
€9.00
Sale ended