LIVE STREAM "Mir spillen Iech Liddercher" mam dr.gonZo & Steve R.I.O.T.
Sat, 03 Apr
|The Flying Dutchman
LIVE STREAM from Flying Dutchman


Time & Location
03 Apr 2021, 20:30 CEST – 04 Apr 2021, 00:00 CEST
The Flying Dutchman, Beaufort, Luxembourg
About The Event
STREAM HERE:
www.mixcloud.com/live/steveriot
____________________________
"Fir dem Dokter säin Gebuertsdag spillen mir iech Liddercher.
New Wave, Punk, Ska, Oi, Metal, NDW, Rap,… an wou d’Rees soss nach higeet, sou genau wessen mer daat selwer och nie.”
Den Steve an de gonZo leen säit Enn 80er zesummen op, weini genee wees keen méi.
Si hun zesummen Anais Soundsystem gegrennt an domatter d’Reggaesoiréen am Flying Dutchman Mett 90er fest etabléiert.
Op der Iechternacher Fuesend ass hier Soirée “Umtata Freezone” legendär gin.
An den 90er waren si Resident DJs am Flying an soummatter ass et och hinnen ze verdanken dass de Flying an den 90er zweemol an der däitscher Musekszeitung SPEX an TopTen vun beschten Clubs weltwäit! gewielt guff. Et kennt een se och vläit vum elake, wou si Sonndes owes säi Joeren den Ofschloss rocken.
Si hun sech nie nemmen op ee Stil festgeluecht an sou wärt et dann och rem desen Owend sin, wou si an aalen Keschten gekrommt hun an hier nei "Coup de coeur" spillen.
____________________________
Donations for the livestream team and Dj's are welcome.